Text Box:  Enfants de chœur / Messdiener

Responsable / Verantwortlicher :

Bouneweg : Jij LINSTER-BESCH, Tel. 49 20 07 / 49 16 10

Hamm : Jeanny BIEWER, Tel. 43 42 83

 

D'Bouneweger Massendénger :

 

D'Bouneweger Massendénger, daat ass eng dynamesch Grupp vu Kanner a Jugendlech, déi zesummekommen, fir de liturgeschen Déngscht bei Massen oder aaneren kierchlechen Feieren a Fester ze versin.

Mir, d'Jongen an d'Meedecher vun de Bouneweger Massendénger, treffen eis regelmässeg an der Kierch, fir zesummen ze prouwen, ëppes gemeinsam ze ënnerhuelen oder ganz einfach fir ze sangen, ze bieden a Spaass ze hun.

Ausserdeem maachen mir all Joërs op Helleg Owend e Krëppespill, daat mir mat Freed awer och mat vill Gedold léieren. Fir d'Kardeeg gi mir duerch d'Bouneweger Stroossen an erfreeën eis Leit mat dem Klibberen. E gemeinsamen Ausflug steet och regelméisseg um Programm, a natierlech nach vill méi.

Als Bouneweger Massendénger si mir dem Diözesanverband vun den "Lëtzebuerger Massendénger" ugeschloss. Och un hieren Aktivitéiten a Manifestatiounen huele mir gäeren deel. Esou begéine mir och nach vill aaner Massendénger a Massendéngerinnen aus eisem ganzen Land.

Eisen Responsabelen ass den Här Paschtouer Leo WAGENER. Un hie kann ee sech wenden, wann ee gäeren an d'Bouneweger Massendénger kënnt. Mir giffen eis all fréën ...