|
|
|
|
2010 : Ouschterpriedegt - Homélie pour Pâques - OsterpredigtClaude WOLWERT : 100. Kiermes zu Bouneweg
Géigenduerstellung am WORT den 18.01.2008Een décken Hummer!
Géigenduerstellung zu der „Carte blanche“ vum Romain Durlet op RTL Radio Lëtzebuerg vum Freideg, 11. Januar 2008
An dëser „carte blanche“ geet de Romain Durlet op d’Begriefnësser an der kathoulescher Kierch an a behaapt ënnert aanerem: (Den Originaltoun ass op der Internetsäit vun RTL Radio Lëtzebuerg nozelauschteren)
- Paschtéier, déi jo e volltwaertegt Staatsgehalt bezéien, loossen sech dës Zeremonie vun der Famill vum Verstuerwenen nach extra gutt bezuelen. Et stëmmt, dass fir eng Begriefnëszeremonie um Kirfecht bzw. fir eng Doudemass an der Kierch eng sougenannten Stolgebühr, d.h. eng Zort Tax erhuewe gëtt. Et gëtt vum Erzbistum eng entspriechend Gebührentabell. An eiser Par kascht am Normalfall (bei sozialen Häertefäll verzicht eis Par komplett op eng Bezuelung) 20 EUR fir ee Begriefnes a 60 EUR fir eng Doudemass. An dësem Präis ass d’Bezuelen vum Organist enthalen! Et stëmmt, dass dem Paschtouer géifen 2,50 EUR! pro Zelebratioun zoustoën. Fakt ass, dass ech selwer – wéi och mäi Virgänger, den Abbé Jos Felten, op dësen Undeel verzichten an hien integral der Kierchefabrik zouféieren. D’Gebühr wandert also net an d’Täsch vum Paschtouer, mee op de Kont vun der Kierchefabrik. An der Regel ass et an eiser Par esou, dass d’Leit beim Paschtouer iwwerhaapt kee Begriefnes bezuelen, mee déi 20 EUR resp. 60 EUR direkt op de Kont vun der Kierchefabrik iwwerweisen. Dës Gebühr ass geduecht fir d’Onkäschten hëllefen ze bezuelen, déi bei enger Mass ufaalen. Eis Kierchefabrik bezillt d’Heizung an d’Geliichts, d’Botzfra, den Organist, d’Käerzen, d’Hostien, d’Massgewänner asw.. Bei äis sangen e puer Leit bénévol eng Doudemass, déi net vun der Chorale gesonge gëtt an de Koschter a séng Fra sinn ronn 2 Stonnen bénévol virun, während a no enger Begriefnëssmass am Asaz an dat iwwer 80 mol am Joer! Dës Gebühren entspriechen nët emol deenen tatsächlechen Onkäschten, déi fir d’Kierchefabrik ufalen. Dofir ass den Affer an enger Mass een onersätzlechen Complément.
- Schlëmmer nach, (si d’Paschtéier) halen haut esouguer e puer Doudemassen mateneeen, kasséieren also e puer mol an halen et net mol fir néideg, eng Referenz op d’Liewen vum Verstuerwenen ze maachen. Si beschränke sech op hiere liturgesche Firlefanz. Fakt ass, dass an eiser Par bis elo nach keng Doudemassen zesumme geluecht goufen. Et stëmmt, dass an e puer grousse Paren am Land, bedingt duerch de Priestermangel, Doudemassen vu verschiddenen Verstuerwenen zesummegeluecht ginn. Dat ass awer iwwer d’Joer an iwwer d’Land gekuckt nëmmen e geringen Prozentsaz am Verglach zu allen Begriefnesmassen, déi gehal ginn. Am Fall, wou méi Massintentiounen zesummegeluecht ginn, steet dem Paschtouer (falls hien net op säin Honorardeel verzicht, wat awer no menger Kenntnis déi allermeescht Paschtéier maachen) nëmmen 2,50 EUR als Honorar zou a net e Multiple dovunner. Nach emol: d’Gebühren entfalen op d’Kierchefabrik, déi fir déi materiell Bedürfnisser vun der Par zoustänneg ass a net op de Privatkont vum Paschtouer!
Et ass eng komplett onzoulässeg Verallgemeinerung, dass d’Paschtéier kee Bezog zum Liewen vum Verstuerwenen an enger Begriefnessmass maachen. Ech selwer huelen, wa nëmme méiglech, mat all Famill Kontakt op an informéieren mech iwwert d’Liewen vum Verstuerwenen fir individuell an all Läichendéngscht op dee Betreffenden anzegoën. Eng Doudeliturgie als liturgesche Firlefanz ze bezeechen, ass méi wéi mauvais Goût: et ass eng Frechheet, déi all Grenzen vum Anstand iwwerschreit.
- An dann e ganz décken Hummer: Bezuelten Doudemassen, no 6 Wochen oder 1 Joer, ginn zum Deel a sougenannten Stëllmassen ëmgewandelt, esou dass d’Kontroll gläich null ass, vun deem, wat d’Kierch u Schwaarzgelder asäckelt. Ech wees nët, wou den Här Durlet séng Kenntnis iwwer Massen hirhëllt, an déi hien jo vehement net goë wëll, mee Fakt ass, dass iwwerhaapt keng Mass an irgendeppes ëmgewandelt gëtt. Eng Wochemass steet bei äis als Wochemass um Parziedel, eng 6 Wochemass als 6 Wochemass an eng Joermass als Joermass. Et géif och kee Grond eng Mass „ëmzewandelen“ well fir all Massintention gëtt deeselwechten Honorar vun 10 EUR fir d’Kierchefabrik erhuewen. Zu der Kontroll vun de Masshonoraren, déi wéi gesot an d’Kees vun der Kierchefabrek fléissen, ass ze soën, dass keng Ried vu Schwaarzgelder ka sinn. D’Honoraren figuréieren op der Kiercherechnung a sinn fir déi Organer, déi mat der Kiercherechnung ze dinn hunn, Kiercherot an Schäfferot vun der Gemeng, anzekucken. Bei äis ginn vill Massen vun der Famill direkt op de Konto vun der Kierchefabrik iwwerwissen. Déi, déi am Sekretariat bar bezuelt ginn, ginn all Mount op de Kont vun der Kierchefabrik gesat. An eiser Par kann all bestallten a bezuelten Mass genee retracéiert ginn, wat hir Zelebratioun, hirt Bezuelen an de Verbleif vum Honorar betrëfft.
Weider seet de Romain Durlet: - Well, ass et normal, dass een, dee vum Staat bezuelt gëtt, och nach fir eng Aarbecht extra a steierfräi entschiedegt gëtt. Wien kontrolléiert dës Revenuën? Ass et normal, dass ee Journalist, dee wëll sérieux geholl ginn, net recherchéiert, wien a Wierklechkeet d’Suen vun engem Begriefness kritt ? Och fir de Fall wou e Paschtouer op déi ominös 2,50 EUR net verzicht, ass hien gehalen, dësen extra Revenu op sénger Steiererklärung ze vermierken. Dëse Betrag, wann hien dann iwwerhaapt zustaan kéim, ass kee Verméigen. Hien géng mat Sëcherhet net duer goën, fir eng sëllechen Ausgaben och nëmmen auszegläichen, déi déi meescht Paschtéier aus eegener Täsch um Niveau vum Parliewen bezuelen.
Déi zitéiert „carte blanche“ vum Romain Durlet ass eng mat Ligen gespickten Ongeheierlechkeet, déi d’Paschtéier an d’kathoulesch Kierch bei de Leit soll an Diskredit bréngen. Ech verwiere mech perséinlech géint déi doranner opgestallte Behaaptungen a wëll mat dësem Schreiwes fir Klorheet an dëser Ugeleenheet suergen. Leo Wagener, Dechen [downloadable printversion - 20 KB] |
|
Last update 16/08/2010 19:12 - mailto Webmaster |